Thank You! GayMat 2018 – See you July 13th 2019!

www.gaymat.lu

Official videos here on facebook

CommemorationTable Ronde 1Table Ronde 2 OpeningAfter VideoProgramm


(LU)

Déi 19ten Editioun vum GayMat läit elo hannert eis. D’Zelter an eisen Info-Tower op der Escher Gemengeplaz sinn ofgebaut an d’Reeboufändelen sinn an de Këschten a waarden op hiren nächsten Asaz!

Ma elo ass et un der Zäit, nach emol alles Revue passéieren ze loossen an all eise Visiteuren e ganz grousse Merci ze soen. Eist Stroossefest, dem GayMat itself, war esou gutt besicht ewéi nach ni virdrunner. Mir sinn houffreg op déi wonnerbar an ausgeloosse Stëmmung, déi de ganze Mëtteg iwwer Esch zum biewe bruecht huet. E grousse Merci gëllt all deenen Organisatiounen, déi um Samsden mat engem Stand vertruede waren an un eiser Parade deelgeholl hunn. E schéine Bonjour geet do un eis Kolleege vum Schmit-z aus Tréier, de Couleurs Gaies vu Metz an dem Equinoxe aus Nanzeg.

Besonnesch houffreg si mir och op all eis Volunteers, déi zum Deel während Méint vun der Präparatioun a mat vill Häerzblutt dës dës Woch iwwerhapt méiglech gemaach hunn. E gudde Grapp dovunner hunn um Samsden alles ginn an waren gréisstendeels ouni Paus fir iech do.

Waljoer hin oder hir, mir sinn och frou, datt esou vill politesch Mandatstréier eisem Opruff nokomm sinn an sech esou ëffentlech der LGBTIQ-Community hir Ënnerstëtzung gewisen hunn, allen virun dem Xavier Bettel (Premierminister), Etienne Schneider (Vizepremier), Corinne Cahen (Familljeministesch), Felix Braz (Justizminister), Lydia Mutsch (Gesondheetsministesch), Pierre Gramegna (Finanzminister), Tilly Metzy (Member vum Europaparlament) esouwéi de Marc Angel, Alex Bodry, Claudia D’Allagnol, Marc Baum, Josée Lorsché, Yves Cruchten, Franz Fayot.

Kommentar hinterlassen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.