Rosa Chrëschtfeier

Rosa Lëtzebuerg feiert seng Chrëschtfeier dëst Joer am Chiche den 8.12.2018 um 19.00 Auer. De Menü ass ganz einfach: En Dësch voller Iessen, kal a waarm Mezze a Gegrilltes, do ass souwuel Fleesch, Fësch an och Geméis dobäi, also fir jiddereen Eppes! Wann s du awer elo eng speziell Allergie op eppes hues, da so eis Bescheed a mir kucken op mir mam Chiche do eppes kënne maachen. Gedrénks ass mat dobäi: lëtzebuerger Béier, Hauswäin a Softdrinks. Zum Schluss gëtt et Baklava an Téi.

Du gees gäre mat? Dann iwwerweis eis bis den 27. November 2018 den Montant vu 45€ op eise Konto mat dengem Numm als Mentioun:

Rosa Lëtzebuerg asbl
LU48 1111 1287 3213 0000
Swift/BIC:  CCPLLULL

Chiche
99, route d’Esch
L-1471 Luxembourg