Everybody say LOVE: Message Party

Vältesdag alleng verbruecht? Kee Problem: d’EVERYBODY SAY LOVE ass eng Message Party, op däers de ganz einfach mat Leit a Kontakt komme kanns! Tëschenduerch natierlech déi beschte Musek, genial Cocktailen an déi eng oder aner kleng Showacts.

Jiddereen ass Wëllkomm! Egal op schwul, lesbesch, bi, hetero oder… komm einfach laanscht!

Den Entrée ass 10€, fir Memberen vu Rosa Lëtzebuerg 6€.

Member

Wéi kann ech Member bei Rosa Lëtzebuerg asbl ginn?
Fir Member ze gi kanns du eis w.e.g. deng Donnéeën (Numm, Virnumm, Wunnadress an E-Mail-Adress) per E-Mail un info@rosa-letzebuerg.lu schécken.

BETRAG
De jäerleche Betrag ass ewéi folgend opgebaut:
Tarif Single (20 Euro) / Tarif reduzéiert (10 Euro) – Konditioun : Aarbechtslos, Student /
Tarif Koppel (30 Euro) –  Konditioun: Koppel wunnt op der selwechter Adress

Iwwerweisung maachen:
Begënschtegen: Rosa Lëtzebuerg asbl
Code swift: CCPLLULL
Code Iban: LU48 1111 1287 3213 0000

Wann s du bis Member bass, da kriss du deng Memberskaart zougeschéckt an hues verschidde Vergënschtegungen an aner Virdeeler bei eisen Eventer iwwert dem ganze Joer.

DIMPS – Gratis an anonym HIV-Schnelltester

DIMPS @ Cigale

Donneschdes zwëschen 12.30 an 14.30 Auer


07.03.2019 / 14.03.2019 / 21.03.2019 / 28.03.2019
04.04.2019 / 11.04.2019 / 18.04.2019 / 25.04.2019
02.05.2019 / 09.05.2019 / 16.05.2019 / 23.05.2019

Gratis an anonym HIV-Schnelltester 

DIMPS @ CIGALE

@ CIGALE: Free, anonymous and quick HIV-Test every Thursday from 12:30 to 2:30pm with the DIMPS-Project team from the HIV-Berodung. Open to all!


Centre d’Information GAy et LEsbien – CIGALE
www.cigale.lu
info@cigale.lu
Tel: (00352) 26 19 00 18
3, rue des Capucins
L – 1313 Luxembourg

Heures d’ouverture:
Méinden & Dënschden:            13.00 bis 17.00 Auer
Mëttwoch & Donneschden:                     12.00 bis 20.00 Auer

Conventionné  par  le Ministère de  la  Famille et  de  l’Intégration pour l’exercice des activités accueil et animation, conseil socio-familial et formation socio-éducative.


HIV BERODUNG

Secher ennerwee

Queer Laser Game Evening

Fir elo ewell eng drëtte Kéier schonns treffen sech d’Membere vu Rosa Lëtzebuerg fir déi eng oder aner Partie Lasergame. Dës Kéier maache mer den Norden onsécher! Bass du och interesséiert? Mell dech! En eMail op info@rosa-letzebuerg.lu geet duer!

Freiden, 15. Mäerz 2019 um 21.00 Auer
Lasergame Evolution Ettelbruck
3, rue Jean Pierre Thill
Zone Artisanale et Commerciale
L-9085 Ettelbrück

Facebook-event

Rosa Folksiness Drink 2019

Zum Ufank vum neie Joer wëll Rosa Lëtzebuerg op engem #FolksinessDrink mat all eise Kollegen, Memberen a Sympathisanten ustoussen an an d’Gespréich kommen.

Léiert an enger labberer Atmosphär d’Aarbecht an déi eenzel Gesiichter vum Comité kennen an diskutéiert iwwert nei Iddie fir déi kommend 12 Méint. Jiddereen, onofhängeg op Member oder net, ass häerzlech Wëllkomm. 🙂

 

Freiden, 15. Februar 2019 um 19.00 Auer
Soho Bar & Club
42, rue de Hollerich
L-1740 Luxemburg

Facebook-event

LGBT REFUGEES MEETINGS – 11/2018

01.11.2018 / 08.11.2018 / 15.11.2018 /  22.11.2018 / 29.11.2018 / 06.12.2018 / 13.12.2018 / 20.12.2018 / 27.12.2018  @Cigale – 16h – 18h


Das schwul-lesbische Informationszentrum bietet Beratung und Hilfestellung für jede Person, die eine schwierige Situation erlebt, bezüglich sexueller Orientierung, Geschlechteridentität und Coming-Out. Das Zentrum richtet sich an LGBTI Menschen, Fraue n die Sex mit Frauen haben, Männer die Sex mit Männern haben, und jede Person, die sich für diese Themen interessiert. Wir stellen einen geschützten Raum bereit für flüchtige und asylbeantragende Menschen, die eine Austausch- und Diskussionsgruppe gründen wollen, für schwule, lesbische, bisexuelle und transgender Menschen. Unser Team spricht Französisch, Englisch, Deutsch, Luxemburgisch.


Centre d’Information GAy et LEsbien – CIGALE
www.cigale.lu
info@cigale.lu 
Tél.: 00352 26 19 00 18
3, rue des Capucins
L-1313 Luxembourg

Öffnungszäiten:
Méinden bis Donneschden:            12.00 – 18.00 Auer

Conventionné  par  le Ministère de  la  Famille et  de  l’Intégration pour l’exercice des activités accueil et animation, conseil socio-familial et formation socio-éducative.

17.09.2018 – GayMat 2019 Brainstorm-session

17.09.2018 – 17:00 @ CIGALE


(LU)
Den GayMat 2018 war e grousse Succès! Déi nächst Éditioun gëtt nach méi grouss! HËLLEF EIS! Komm an looss eis zesummen brainstormen fir dat nächst Joer!


(ENG)
The GayMat 2018 was a huge success! The next one is going to be even bigger! HELP US! Come and brainstorm together for next years edition!


(DT)
Der GayMat 2018 war ein voller Erfolg! Der nächste wird noch größer! HILF UNS! Komm und lass uns die Köpfe zusammenlegen und Ideen für die nächste Ausgabe sammeln!


(FR)
Le GayMat 2018 a été un énorme succès! Le prochain va être encore plus grand! AIDE-NOUS! Viens et faisons une ‘tempête de cerveau’ 😉 pour l’édition de la prochaine année!

Thank You! GayMat 2018 – See you July 13th 2019!

www.gaymat.lu

Official videos here on facebook

CommemorationTable Ronde 1Table Ronde 2 OpeningAfter VideoProgramm


(LU)

Déi 19ten Editioun vum GayMat läit elo hannert eis. D’Zelter an eisen Info-Tower op der Escher Gemengeplaz sinn ofgebaut an d’Reeboufändelen sinn an de Këschten a waarden op hiren nächsten Asaz!

Ma elo ass et un der Zäit, nach emol alles Revue passéieren ze loossen an all eise Visiteuren e ganz grousse Merci ze soen. Eist Stroossefest, dem GayMat itself, war esou gutt besicht ewéi nach ni virdrunner. Mir sinn houffreg op déi wonnerbar an ausgeloosse Stëmmung, déi de ganze Mëtteg iwwer Esch zum biewe bruecht huet. E grousse Merci gëllt all deenen Organisatiounen, déi um Samsden mat engem Stand vertruede waren an un eiser Parade deelgeholl hunn. E schéine Bonjour geet do un eis Kolleege vum Schmit-z aus Tréier, de Couleurs Gaies vu Metz an dem Equinoxe aus Nanzeg.

Besonnesch houffreg si mir och op all eis Volunteers, déi zum Deel während Méint vun der Präparatioun a mat vill Häerzblutt dës dës Woch iwwerhapt méiglech gemaach hunn. E gudde Grapp dovunner hunn um Samsden alles ginn an waren gréisstendeels ouni Paus fir iech do.

Waljoer hin oder hir, mir sinn och frou, datt esou vill politesch Mandatstréier eisem Opruff nokomm sinn an sech esou ëffentlech der LGBTIQ-Community hir Ënnerstëtzung gewisen hunn, allen virun dem Xavier Bettel (Premierminister), Etienne Schneider (Vizepremier), Corinne Cahen (Familljeministesch), Felix Braz (Justizminister), Lydia Mutsch (Gesondheetsministesch), Pierre Gramegna (Finanzminister), Tilly Metzy (Member vum Europaparlament) esouwéi de Marc Angel, Alex Bodry, Claudia D’Allagnol, Marc Baum, Josée Lorsché, Yves Cruchten, Franz Fayot.