Pink Gents (Männer bei Rosa)


Pink Gents ass d’Männer Grupp vu Rosa Lëtzebuerg asbl fir Männer vun all Alter.

Eng Plaatz fir gays déi sech mat gay Themen befasst, allgemeng Männer-Themen, d’Organiséieren vun socio-kulturellen Aktivitéiten, Treffen an den Lokalitéiten vu ROSA oder op aner Plazen, Visiten an de Kino, Sortien zu Lëtzebuerg an am Ausland, Visiten vun aner CSD an LGBT-Eventer national an international, kulinaresch Excursiounen, Excursiounen mam Bus, Moto, Vëlo, Wanderungen, etc.

Mir brauchen Deng Iddiéen, Deng Kreativitéit, Däin Mut, Deng Energie, Däin Geescht a virun allem Deng Präsenz fir eisen Grupp ze ënnerstëtzen.

Kontaktéier eis! info@rosa-letzebuerg.lu

Klick hei fir den FLYER