Pink Ladies (Frae bei Rosa)


D’Pink Ladies ass de Fraegrupp vu Rosa Lëtzebuerg asbl an organiséiert verschidden Aktivitéiten fir cis- an transgender Fraen déi Fraen gäer hun, egal ob lesbesch, bisexuell, asexuell oder queer. D’Pink Ladies Treffe fannen all 2te Freiden am Mount statt ab 20H. D’Uucht ass déi einfachsten Aart fir direkte Kontakt mat anere Fraen ze maachen an nei Bekanntschaften ze schléissen. Eis Uucht gëtt an engem fir eis privatiséierte Lokal gemaach, wou mir ënnert eis sinn a wou kee Risiko besteet ëffentlech geout ze ginn.

NEIEN FLYER